Entdeckt wärend engem Weekend, wat de Wëlle Westen touristesch ze bidden hutt!
Offiziell Ouverture : 02.07 um 11h00 op der Biekerecher Millen
Gratis Visitten an Aktivitéiten op Lëtzebuergesch a Franséisch op all Sitt.
02.07.2022 > 14h00 & 16h00
03.07.2022 > 10h30, 14h00 & 16h00
Umeldung noutwendeg, Plazen limitéiert:
www.visitwellewesten.lu
Eemoleg Millen, an där eng Réi kulturell Aktivitéiten organiséiert ginn.
D'Millen asbl offréiert eng originell guidéiert Visitt, déi mat der Geschicht vun der Millen a senge verschiddene Besëtzer vu gëschter bis haut vun de Guiden erzielt gëtt. Duerno geet et weider bei d'Seeërei, wou Dir d'Millepättere kenne léiert. Sie erklären Iech wéi a firwat et wichteg war, dës ganz eenzegaarteg Plaz an der Regioun ze restauréieren.
Fir Erwuessener a Kanner ab 6 Joer.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
Mëttelalterlech Buerg mat zwee Tierm an engem didaktesche Kulturwee.
Op spilleresch a liicht verständlech Aart a Weis hëlt de Guide och déi jéngst Participante mat op eng Entdeckungsrees duerch d'Useldenger Buerg. Dës Visitt eegent sech fir Famillje mat Kanner tëschent 4 a 12 Joer. D'Tierm sinn net mat enger Poussette accessibel.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
Mëttelalterlech Buerg mat zwee Tierm an engem didaktesche Kulturwee.
Daucht an an d’Geschicht vun der Useldenger Buerg a loosst Iech vun engem Guide ënner anerem d’Krypta, d’Kraidergäert an déi beandrockend Tierm weisen an erklären.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
Musée iwwert d’Schiferindustrie vum 20. Jh. mat méi wéi 22 Gebaier an enger ënnerierdescher Grouf.
Komm a schaff mat am Schiefermusée! Léier de Beruff vum Leekëppert kennen an ha Dir als „Männi“ Deng eege Lee. Dono duerfs Du dës dann nach mat der GravurTechnik no Loscht a Laun dekoréieren. E schéine Souvenir fir mat Heem. Fir Kanner ab 4 Joer.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
Musée iwwert d’Schiferindustrie vum 20. Jh. mat méi wéi 22 Gebaier an enger ënnerierdescher Grouf.
Entdeckt d’Maarteler Schiferindustrie a seng Geschicht unhand vun enger kuerzer guidéierter Visitt, gespickt mat interessanten Anekdoten. D’Visitt vun der ënnerierdescher Grouf (-15m, bréngt fest, zoue Schong an eng Jackett mat) dierf natierlech net feelen. Fir Erwuessener a Kanner ab 4 Joer.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
Liewege Musée vum ländleche Liewen a Schaffe vu fréier am klengsten Duerf vu Lëtzebuerg.
Erlieft ënnert der haarder Hand vun eiser strenger Joffer den Alldag vun de Schoulkanner em 1900. Wat a wéi hunn si geléiert a wat hunn si misse wëssen, wat fir Strofe gouf et?
Fir Erwuessener a Kanner ab 9 Joer.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
Liewege Musée vum ländleche Liewen a Schaffe vu fréier am klengsten Duerf vu Lëtzebuerg.
Wat hat d’Mamm fréier eng Aarbecht an der Kichen! Paakt hier eng Hand mat un, si weist Iech wéi ee Kaffi réischtert a muelt a wat si nach alles am Haus ze dinn hat. Als Belounung ginn Eisekuchen op der Kachmaschinn gebak.
Fir Erwuessener mat hire Kanner ab 4 Joer. Kanner ab 6 Joer kënnen eleng matmaachen.
Umeldung: / +352 28 33 45 10
op all Sitt 10,50 € / Erwuessener 7,50 € / Kans
Reservatioun bis den 24.06
02.07
14h30 > Départ Beckerich Arrivée Useldange > 16h15
16h30 > Départ Useldange Arrivée Beckerich > 18h30
Informatiounen, Umeldung an d'Méiglechkeet Vëloen de léinen bis den 24.06
Umeldung: / +352 28 33 45 10