21.09.2023

VIRTRAG IWWERT DE BLUES : : JOE BONAMASSA

Program

Wann een hautdesdaags e gudde Blues/ Rock Owend wëll erliewen, da geet een einfach op e Concert vum Joe Bonamassa. De Mann spillt oft an quasi iwwerall, an dach lount et sech dobäi ze sinn. Joe Bonamassa ass eng Aart „Workaholic“, mee versicht ëmmer de Niveau vu sengen Disken a Prestatiounen héich ze halen. Gebuer ass hien den 8. Mee 1977 zu New Hartford/NY an ugefang, Gittar ze spillen, huet hien mat 4 Joer. Mat 12 stoung hien schonns mat dem B.B. King op der Bün. Seng musikalesch Aflëss waren déi brittesch Bluesgréissten John Mayall, Eric Clapton, Jeff Beck, Peter Green, Jimmy Page oder och den ireschen Gittarist Rory Gallagher. Beim Stevie Ray Vaughan huet hien sech och munches ofgekuckt, fir uschléissend säin eegene Sound ze produzéieren. Bemierkenswäert och seng Zesummenaarbecht mat der Sängerin Beth Hart a mat de Museker vun Black Country Communion. Seng Diskographie ass mat StudioDisken a sëllegen Live-Alben räichlech bestéckt. Héich Zäit deemno, dësem Top-Gittarist e ganzen Owend ze widmen!

General Information

ManuKultura

am Millenhaff
L-8706 USELDANGE

See on the map

Date

Thursday, 21 September 2023


Prices

pro Person : 10


Contact

/