Weekend vum Wëlle Westen

02. & 03. Juli 2022

 

Gratis Visitten an Aktivitéiten

Entdeckt wärend engem Weekend, wat de Wëlle Westen touristesch ze bidden hutt!

Offiziell Ouverture : 02.07 um 11h00 op der Biekerecher Millen

Gratis Visitten an Aktivitéiten op Lëtzebuergesch a Franséisch op all Sitt.

02.07.2022 > 14h00 & 16h00
03.07.2022 > 10h30, 14h00 & 16h00

Umeldung noutwendeg, Plazen limitéiert:


www.visitwellewesten.lu

 

Biekerecher Millen - Guidéiert Visitt (1h30)

Eemoleg Millen, an där eng Réi kulturell Aktivitéiten organiséiert ginn.

D'Millen asbl offréiert eng originell guidéiert Visitt, déi mat der Geschicht vun der Millen a senge verschiddene Besëtzer vu gëschter bis haut vun de Guiden erzielt gëtt. Duerno geet et weider bei d'Seeërei, wou Dir d'Millepättere kenne léiert. Sie erklären Iech wéi a firwat et wichteg war, dës ganz eenzegaarteg Plaz an der Regioun ze restauréieren.

Fir Erwuessener a Kanner ab 6 Joer.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

moulin beckerich ©dmillen TIWW-Weekend-Welle-Westen-Millen

Useldenger Buerg- Guidéiert Visitt fir Familljen (1h30)

Mëttelalterlech Buerg mat zwee Tierm an engem didaktesche Kulturwee.

Op spilleresch a liicht verständlech Aart a Weis hëlt de Guide och déi jéngst Participante mat op eng Entdeckungsrees duerch d'Useldenger Buerg. Dës Visitt eegent sech fir Famillje mat Kanner tëschent 4 a 12 Joer. D'Tierm sinn net mat enger Poussette accessibel.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

Useldenger Buerg (2) ©ORTCO TIWW-Weekend-Welle-Westen-Useldenger-Buerg

Useldenger Buerg - Guidéiert Visitt fir Erwuessener (1h30)

Daucht an an d’Geschicht vun der Useldenger Buerg a loosst Iech vun engem Guide ënner anerem d’Krypta, d’Kraidergäert an déi beandrockend Tierm weisen an erklären.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

Useldenger Buerg (2) ©ORTCO TIWW-Weekend-Welle-Westen-Useldenger-Buerg

Schifermusée Uewermaartel -  WORKSHOP: DE MÄNNI, SENG LEE A SÄI GRAVEUR (1h30)

Musée iwwert d’Schiferindustrie vum 20. Jh. mat méi wéi 22 Gebaier an enger ënnerierdescher Grouf.

Komm a schaff mat am Schiefermusée! Léier de Beruff vum Leekëppert kennen an ha Dir als „Männi“ Deng eege Lee. Dono duerfs Du dës dann nach mat der GravurTechnik no Loscht a Laun dekoréieren. E schéine Souvenir fir mat Heem. Fir Kanner ab 4 Joer.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

TIWW-Weekend-Welle-Westen-Musee-de-l-Ardoise 20200805 Musée Ardoise Site DTh19 signé Schifermusée

Schifermusée Uewermaarteleng -  GUIDÉIERT VISITT: DE SCHIFER VUN UEWERMAARTEL (1h30)

Musée iwwert d’Schiferindustrie vum 20. Jh. mat méi wéi 22 Gebaier an enger ënnerierdescher Grouf.

Entdeckt d’Maarteler Schiferindustrie a seng Geschicht unhand vun enger kuerzer guidéierter Visitt, gespickt mat interessanten Anekdoten. D’Visitt vun der ënnerierdescher Grouf (-15m, bréngt fest, zoue Schong an eng Jackett mat) dierf natierlech net feelen. Fir Erwuessener a Kanner ab 4 Joer.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

TIWW-Weekend-Welle-Westen-Musee-de-l-Ardoise 20200805 Musée Ardoise Site DTh19 signé Schifermusée

Randschelter Thillenvogtei -  AKTIVITÉIT: SCHOUL WÉI FRÉIER (1h30)

Liewege Musée vum ländleche Liewen a Schaffe vu fréier am klengsten Duerf vu Lëtzebuerg.

Erlieft ënnert der haarder Hand vun eiser strenger Joffer den Alldag vun de Schoulkanner em 1900. Wat a wéi hunn si geléiert a wat hunn si misse wëssen, wat fir Strofe gouf et?

Fir Erwuessener a Kanner ab 9 Joer.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

TIWW-Weekend-Welle-Westen-Thillenvogtei Thillenvogtei ©Thillenvogtei

Randschelter Thillenvogtei -  AKTIVITÉIT: EISEKUCHE BAAKEN (1h30)

Liewege Musée vum ländleche Liewen a Schaffe vu fréier am klengsten Duerf vu Lëtzebuerg.

Wat hat d’Mamm fréier eng Aarbecht an der Kichen! Paakt hier eng Hand mat un, si weist Iech wéi ee Kaffi réischtert a muelt a wat si nach alles am Haus ze dinn hat. Als Belounung ginn Eisekuchen op der Kachmaschinn gebak.

Fir Erwuessener mat hire Kanner ab 4 Joer. Kanner ab 6 Joer kënnen eleng matmaachen.

Umeldung: / +352 28 33 45 10

TIWW-Weekend-Welle-Westen-Thillenvogtei Thillenvogtei ©Thillenvogtei

INFORMATIOUNS- AN ANIMATIOUNSSTÄNN, IESSEN A GEDRÉNKS OP ALL SITE DE GANZEN DAG.

Picknick mat regionale Produiten op all Site

op all Sitt 10,50 € / Erwuessener 7,50 € / Kans

Reservatioun bis den 24.06

 

Vëlostouren Gratis guidéiert Vëlostouren mat einfacher Schwieregkeet, fir Familljen gëeegent

02.07

14h30 > Départ Beckerich Arrivée Useldange > 16h15

16h30 > Départ Useldange Arrivée Beckerich > 18h30

Informatiounen, Umeldung an d'Méiglechkeet Vëloen de léinen bis den 24.06

Umeldung:  / +352 28 33 45 10

 

Gratis Navetten déi 2 Deeg

TIWW-Weekend-Welle-Westen-Cover3 Affiche Regioun, Weekend vum Wëlle Westen alles