23.04.2026
D’Isabelle FABER, fréier Journalistin, jorelaang als Benevole aktiv am „Groupe de support psychologique“ vum CGDIS a selwer an der Mëtt vum Liewen, invitéiert op e flotten Austausch a Lëtzebuerger Sprooch ënner Fraen iwwer Thema Menopause. D‘Wiesseljoren, déi zweet Pubertéit wéi se och nach genannt gëtt, huet ganz vill verschidde Gesiichter a Symptomer matt deenen et op emol heescht sech auserneen ze sëtzen. Wéi geet et dir dobäi?
Fills du dech munchmol eleng gelooss an denger neier Liewensmëtt a senge ville
Gesiichter oder bass du villäicht esou guer an enger perséinlecher Kris? Du wäers frou matt anere Frae kënnen ze schwätzen an dech auszetauschen? Da bass du hei genee
.
richteg! Trau dech a komm laanscht op eng flott Gespréichsronn ënner Fraen a just fir Fraen, dat an engem diskreten a geschützte Kader.
.
1, am Millenhaff
L-8706 Useldange
Donnerstag, 23 April 2026 - 19h00
T : +352 23 63 00 51 28